About
Den SLUF (Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg) ass ee vu méi wéi 30 Studentencercelen déi zur ACEL (Associatioun des Cercles d’Etudiants de Luxembourg) gehéieren a vertrëtt d’lëtzebuergesch Student*innen, déi zu Freiburg op der Uni oder enger Héichschoul ageschriwwe sinn. Momentan zielt de SLUF zirka 70 Memberen. De Cercle deen am Joer 1987 gegrënnt ginn ass, huet virun engem Joer säi 35. Gebuertsdag gefeiert. D’Zil vum SLUF ass et duerch geleeëntlech Treffen an Aktivitéiten déi lëtzebuergesch Student*innen zesummen ze bréngen, gemeinsam e puer gemittlech Stonnen ze hunn an nei Frëndschaften ze schléissen.
Upcoming Events